Tournois 20. an 21. Mee 2017
Resumé vum Weekend 20. / 21. Mee 2017 ...
Fir den Tournoi de Mémoire Ander Moes an Henk Bunnik huet de VBAL 4 Equipen agelueden déi e Samchteg, den 20. Mee 2017 zu Éieren vun desen 2 Memberen, em d’Coupe gespillt hunn. D'Stemmung war super, d'Equippen hunn hiert Bescht ginn an sech géigesäiteg ennerstetzt. Um Enn huet d'Equip "CFL" d'Coupe matheem geholl!
Platzéierungen:
1. CFL
2. VBAL
3. Henks Family and Friends
4. Pluwig
Éicht Fotoen fannt dir op volleyball.lu
---
E Sonndeg, den 21. Mee 2017 huet de VBAL d’Memeberen an hier Famillen a Frenn an den Hall Omnisport invitéiert. Ronn 6 Equipen, dorenner eng Equipe vum Comité a vum OrgaComité fir 30 Joer VBAL, hunn e flotten Dag an der Hal verburecht. Ob 3 géint 3 oder 6 géint 6 gespillt gouf, um Family&Friends hat Grouß a Kleng vill Spaaß an et gouf spannend Momenter a flott Ballwiessel.
No deenen éichten 3 Matcher konnt jiddereen sech an der Mettespaus erhuelen a stärken mat gudde Saache vum Grill. Duerno goung et weider mat 2 Matcher an zum Schluss kruut all Equipp déi gespillt huet e klengt Undenken a Form vun enger Urkunde.
MERCI dass dir dobai wart!