Brunch & Setzvolleyball

 

   

 

 

 

 

 

 

E Sonndeg 26 Februar 2017 stoungen déi éicht 2 Evementer am Kader vum 30ten Gebuertsdag vum Volleyball Amber-Lënster um Programm!!

Den Optakt vun den Festivitéiten huet e Brunch gemaach. D’Auswiel waar grous,  ...

et gouf Omlett, Spigelee matt Speck an Wiirschtchen, verschidden Zorten Breidercher an Brout esou ewei och Haam, Paté, Salami a Kéis, Gebees, Jogurt, Uebst, Müsli, Geméis- a Brittzopp, verschidden Zaloten, Paschtéit, Poulet Curry, Geméis Tajine, als Dessert dann Fueskichelcher averschidden Zorten Kuch an dem VBAL seng bekannten Pangescher; je Härz waat begiers de.

Am fréien Nomëtten dunn hunn d’Equippen vun Vandoeuvre (F) an Kruikenburg (B) den Supportere gewisen ewéi tzvolleyball gespillt gëtt. Eng 40 Interesséierter haaten den Wee ob Lënster fonnt vir sech desen Sport emol vun méi no un ze kucken. Ofschléissend konnten Spectateuren den flotte Sport zesummen matt dësen zwou Equippen ausprobéieren.

Deenen, déi do waaren, huet et Spaass gemaach.

Ze erwähnen gëllt et, dass den Entrée vum Sëtzvolleyball integral un d’Associatioun vun Île aux Clown geet.

Merci den Memberen déi zum erfollegräichen Optakt vum VBAL sengen Festivitéiten bäigedroen hun!

30 JOER VBAL

2017 Huet den VBAL 30 Joer Bestoen gefeiert!!