Coupe 30e anniversaire powered by Losch

Zum Ofschloss vun onse Festivitéiten zum 30. Gebuertsdag, huet de Volleyball Amber-Lënster op 2 spannend Showmatcher zu Jonglënster am Centre Polyvalent Gaston Stein invitéiert. E SAMSCHTEG DEN 16. SEPTEMBER 2017  sinn 4 Equippen ugetrueden: 16:00 Auer DAMMEN : CHEV Diekirch vs. VC Mamer an 19:00 Auer HÄREN : VC Strassen vs. VC Fentange.

Bei den Dammen huet de CHEV Diekirch 3-0 gewonnen (25-10; 25-14; 25-19) a bei den Hären huet de VC Fentange 3-0 gewonnen (25-18; 25-22; 25-22).

Desst Event gouf gesponsort vum LOSCH & CIE S.À R.L. !

Vun all Entrée (5€ ) sinn 2,50€ un "Médecins du monde" gangen, hei koum eng gesamt Zomm vun € zesummen!

E grouße Merci un eise Sponsor, un d'Equippen, un all d'Spectateuren adéi de Wee an de Gaston Stein fonnt haten an natierlech un all déi déi gehollef hunn!! 

Organisatiouns Comité 30 Joer VBAL

Soirée des anciens

DU HUES BEI EIS GESPILLT, WAARS AM COMITÉ, TRAINER ODER ARBITTER?

Am Kader vun den 30 Joer Volleyball Amber-Lënster Festlechkeeten organiséiere mir eng „Soirée des anciens“ 

Samschdes 22. Juli 2017 um 19 Auer am Restaurant Siello zu Jonglënster.

Umellung bis den 1. Juli 2017 ....

Continue Reading

Brunch & Setzvolleyball

 

   

 

 

 

 

 

 

E Sonndeg 26 Februar 2017 stoungen déi éicht 2 Evementer am Kader vum 30ten Gebuertsdag vum Volleyball Amber-Lënster um Programm!!

Den Optakt vun den Festivitéiten huet e Brunch gemaach. D’Auswiel waar grous,  ...

Continue Reading

30 Joer VBAL an enger Brochure

 

Mir hunn déi schéinste Fotoen, Geschichten a sportlech Erfolleger aus 30 Joer Volleyball Amber-LËnster zesumme gesammelt!!

DËss Brochure kennt Dir op eise Fester fir 25€ kaafen oder Dir bestellt se iwwer e-mail Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!.

  • 1
  • 2

30 JOER VBAL

2017 Huet den VBAL 30 Joer Bestoen gefeiert!!